Festen Zännersaz: Kroun, Bréck, Onlay
E festen Zännersaz (Kroun) kann d’ästheetescht Ausgesi vun engem beschiedegten oder verfierften Zant nees hierstellen. En déngt och dozou, den Zant ze schützen.
Wann een oder méi Zänn feelen, kann eng Zännbréck (Bréck) se ersetzen an d’Lück zoumaachen. Dobäi ginn een oder méi kënschtlech Zänn u Stäipen op béiden Enner vun der Bréck befestegt. Dës Stäipe kënnen entweder gesond natierlech Zänn sinn, déi fir Kroune preparéiert ginn, un deenen déi kënschtlech Zänn befestegt sinn, oder Zännimplantater.
D’Inlays an Onlays sinn indirekt Restauratiounen, déi ausserhalb vum Mond hiergestallt an duerno um Zant festzementéiert ginn.
Eraushuelbaren Zännersaz (Gebëss)
Eraushuelbaren Zännersaz kann vollstänneg oder deelweis sinn.
Wann iwwerhaapt keng Zänn méi do sinn, ginn dës duerch e Gebëss aus Konschtstoff ersat. Dëst läit esou groussflächeg wéi méiglech op der Schläimhaut op an hält duerch e sougenannte Saugeffekt.
Wann nach e puer Zänn do sinn, kann en deelweist Gebëss entweder aus Konschtstoff oder mat enger Basis aus Metall hiergestallt ginn. Dëse Zännersaz läit op der Schläimhaut an de verbleiwenden Zänn op a gëtt mat Klameren oder mat Befestigungselementer u Kroune befestegt.
Dës Zorte vun Zännersaz ginn haut dacks duerch Zännersaz op Implantater ersat.


