Kannerzännmedezin an Zännpreventioun

D’Kannerzännmedezin ass dee Beräich vun der Zännmedezin, dee sech ëm d’Zännbehandlunge vu Kanner a Jugendleche këmmert. De Zänndokter berouegt d’Kand an erkläert him déi geplangte Behandlungen op eng Manéier, déi sengem Alter ugepasst ass.

D’Mond- an Zänngesondheet vu Kanner ass genee esou wichteg wéi déi vun Erwuessenen. Kanner kënnen un deene selwechte Krankheete leiden: Karies, Entzündunge vum Zännmark, Abszesser, Verletzungen an Zännfeelstellungen. Infektiounen oder e virzäitege Verloscht vun de Mëllechzänn kënne Komplikatioune verursaachen, well d’Mëllechzänn:

  • d’Plaz fir déi bleiwend Zänn fräihalen
  • déi richteg Entwécklung vun de Kifer- a Gesiichtsstrukture fërderen
  • d’Mineraliséierung vun de bleiwenden Zänn fërderen
  • eng wichteg Roll beim Schwätze spillen
  • fir eng gutt Ernärung wichteg sinn.

D’Behandlunge vun de Mëllechzänn si bal identesch mat deene vun de bleiwenden Zänn.

D’Preventioun spillt eng zentral Roll an der Kannerzännmedezin, well si zännmedezinesch Agrëffer verhënneren oder esou wäit wéi méiglech reduzéiere kann. Zu de Preventiounsmoossname bei Kanner gehéieren d’Léiere vum richtegen Zännbotzen an d’Fissureversigelung. Eng gutt Mond- an Zännhygiène ass wesentlech, fir d’Usammlung vu bakteriellem Zännbelag (Biofilm), deen zu Karies féiert, ze verhënneren. E Schutzlack gëtt schmäerzfräi an d’Fissure vun de bleiwende Bakenzänn opgedroen, fir de Kariesrisiko ze reduzéieren. D’Benotzung vu Fluorid an enger dem Alter ugepasster Quantitéit bitt en zousätzleche Schutz géint Karies.

Eng Kontrollvisitt all 6 Méint gëtt ausdrécklech recommandéiert.