Piezochirurgie
D’Grondprinzipie vun der piezoelektrescher Chirurgie sinn déi selwecht wéi beim Ewechhuele vun Zännsteen. Den Ënnerscheed läit an der Leeschtung vum Apparat, deen aus engem Generator fir en elektrescht Feld mat héijer Spannung an héijer sinusfërmeger Frequenz besteet.
D’ Ultraschallmikrovibratiounen vun den Asätz, déi tëscht 28 an 36 kHz schwéngen, erlaben et, de Schank ze schneiden, ouni d’Weechgeweebe ze verletzen. Sou kann ee präzis a mat enger héijer chirurgescher Kontroll schaffen, bei enger méiglechst gerénger Belaaschtung fir de Patient nom Agrëff.
Dës Technik gëtt virun allem beim Zännzéien, an der Parodontologie, an der Endodontie bei enger Wuerzelspëtzeresektioun, an der Implantologie an an der Kifer- a Gesiichtschirurgie benotzt. Si bitt e bedeitende Virdeel géintiwwer rotéierenden Instrumenter.


