Okklusodontie
D’Okklusodontie ass e Beräich vun der Zännmedezin, deem säin Zil et ass, eng gutt Funktioun vun alle Bestanddeeler vum Kausystem nees hierzestellen. Dobäi geet et souwuel ëm déi richteg Kontakter tëscht den Zänn vum Patient, also d’Zännokklusioun, wéi och ëm eng beschwéierfräi Reflexfunktioun vun de Muskelen, déi d’Kifere beweegen, an ëm d’Kiferhaltung.
De Begrëff Okklusodontie ëmfaasst all Behandlunge vun enger gestéierter Zännokklusioun.


